News

new ACEL Studentebal vum Christine, den 04/07/10 um 17:17

Date: Friday, July 16, 20:00-03:00 - Location: P&R Bouillon presentéiert vun der ACEL an de Studentecerclen - Music by Providers, DJ Tollekk & The Disliked - 25 special drinks @ 13 bars - Happy Hour 20h-22h - Open Air & Zelt - Parking: >2000 Plazen - Kommt all op eise Stand een drenken ;)

Merci!! vum Christine, den 19/04/10 um 09:25

E grousse Merci un all di Memberen di fir Schülerreese gehollef hunn!!!

Programm SS10 vum Christine, den 06/04/10 um 15:42

De Programm fir SS10 ass online :)

Schülerreesen vum Christine, den 18/03/10 um 21:27

D'ACEL a Sales-Lentz hun fir 2010 de Projet Schülerreesen rem obliewe geloos. De 17.04. kommen dofir Schüler op Köln, deene mir dann Campus, Administratiounen, Stad, etc weisen. Wann een interesséiert ass do mat ze goen an helefe wellt Schüler ze informéieren, dann mellt ierch beim Christine.

Happy New Year vum Christine, den 06/01/10 um 15:27

Äre Comité wënscht Ierch alles Guddes fir daat néit Joer an dass alles sou leeft wéi dir Ierch daat virstellt :)

Bubbles Party by LSC & LSS vum Christine, den 02/12/09 um 18:31

Lëtzebuerger Studente vu Köln & Saarbrécken presentéieren d'After Tournoi de Noël Bubbles Party den 23.12.09 am Centre Culturel Hollerich.
Lass geet et um 20 Auer an dann ass och direkt bis 22 Auer Happy Hour. Natierleg ginn et och special drinks als Iwwerraschung an eppes fir ze Iessen :)
Oweskeess: 6
Virverkaf: 4
Virverkaf kritt der bei de Comitée vu Köln a Saarbrecken.
Mir hoffen dass der all mat eis féiere kommt an dass et e flotten Owend gett :)

Neien Comité vum Lis a Carole, den 30/11/09 um 15:05

Den 24. November hu mir op eiser AG en neien Comité fir d'Joer 2009/2010 gewielt. Op dësem Wee wollten mir deem alen Comité MERCI soen, firun allem dem Christine ee groussen MERCI fir seng super Arbecht, déi hatt an deenen läschten 2 Joer als Présidentin vum LSC, geleescht huet.

AG am Schmelztiegel vum Christine, den 18/11/09 um 17:52

Léif LSC Memberen, Et ass erem sou weit, eis AG steet virun der Dier. Mir treffen eis dofir en Denschten de 24.11.09 um 20 Auer am Schmelztiegel wou et fir 12 Euro Buffee à volanté (Entrée, Haaptplat, Dessert) get. Nom Iessen fenke mer mat der AG un. Di Leit di sech wellen opstellen fir an de Comité solle weg bis den 22.11. hir Kandidatur per Mail un zimmer.christine@gmail.com schecken. Et ass och meigleg sech den Owend selwer nach ze mellen, mee aus organisatorege Grenn wann et sollte Wahle ginn, ass et mei einfach wann der Ierch bis den 22.11. mellt. Merci am viraus fir ärt Verständniss dofir. Mir hoffen dass der zahreich opt AG kommt an mat eis den Ofschloss vum Comitésjoer féiert. Mat beschte Gréiss

Körperwelten vum Christine, den 30/10/09 um 10:32

Als kleng kulturel Aktivitéit ginn mer dest Semester Körperwelten kuken. Wann der wellt matgoen, dann mellt Ierch weg beim Sandrine un.

Optackt WS09/10 vum Christine, den 23/09/09 um 23:53

Léif Memberen a futur Memberen, dest Joer treffe mer eis fir den eichten Owend am Schmelztiegel den 13.10.09 um 20 Auer. Mir freen eis all eis aal Memberen rem ze gesinn an di néi kennen ze begréissen! Op e flott Semester :)
 
 

 


Sponsor